


Am Kader vun der Preparatioun op d’Implementatioun vun der Reform ALPHA an de kommende Joren ass den Edukatiounsminister Claude Meisch de Moment an alle Regionaldirektioune vum Land ënnerwee, fir sech de Froen an och de Remarke vun de Schoulpresidenten aus de jeeweilege Grondschoulen ze stellen.
Den 1. Juli war den Här Meisch och zu Dikrech op Besuch. Déi 13 Schoulpresidenten aus eiser Direktioun haten sech am Virfeld Gedanke gemaach, wéi eng Froen si dem Minister kéinte stellen an op wéi eng Aspekter si besonnesch opmierksam wéilte maachen.
Et war eng immens konstruktiv Aarbechtssëtzung, an et freet eis ze gesinn, mat wéi vill Engagement an Iwwerleeung d’Schoulpresidenten aus der Direktioun Dikrech sech un der Ëmsetzung vun der Reform ALPHA um Terrain bedeelegen.










