


Déi éischt Enseignanten, déi aktiv a Kontakt mam Projet Alphabétiséierung op Franséisch wäerte kommen, sinn eis Enseignanten aus dem Cycle 1.
Ab dem Schouljoer 2026/2027 wäerten si d’Elteren dobäi ënnerstëtzen, eng informéiert Wiel fir hiert Kand ze treffen: geet et an d’Alphabétiséierung op Franséisch oder weiderhi wéi gewinnt op Däitsch?
Well dat eng ganz nei Approche duerstellt, huet d’Regionaldirektioun vu Dikrech an Zesummenarbecht mat den I-DSen den 24. Abrëll d’Titulairen aus dem Cycle 1 zesummegeruff, fir si op déi nei Erausfuerderungen virzebereeden.
Am Laf vum Nomëtten haten d’Enseignanten d’Geleeënheet, Froen ze stellen an zesumme mat der Direktioun Iddien auszetauschen, wéi de Projet an Zesummenaarbecht mat der Schoul kéint ëmgesat ginn.
Et war e ganz konstruktive Moment, mat ville spannende Perspektiven a frësche Iddien.

