Ënnert der Moderatioun vum Simone Poss an dem Thomas Berliner hu sech den 11. Februar d’Presidenten aus de Schoule vun der Dikrecher Regioun zesumme mat der Direktioun getraff, fir sech iwwert de Projet « Alphabétisation en Français » auszetauschen. Dës Reunioun war eng wichteg Geleeënheet, fir gemeinsam Iddien ze entwéckelen an éischt konkret Virschléi fir d’Ëmsetzung vum Projet ze eraarbechten.




De ganzen Nomëtteg iwwer haten d’Schoulpresidenten d’Méiglechkeet, hir Meenungen, Erfarungen a méiglech Bedenken anzebréngen, fir de Projet an de kommende Méint a Joren optimal an hirer Schoulrealitéit ze verankeren.
D’Regionaldirektioun vun Dikrech freet sech besonnesch iwwer dat oppent an engagéiert Matschaffe vun de Schoulpresidenten an hir Bereetschaft, dëse wichtege Projet mat Éiergäiz an eise Schoulen ëmzesetzen.