Catégories
Actualités

First Lego League – BeLux Finall Antwerpen

Enormen Erfolleg vun de Schierener a Bettenduerfer Schoulen zu Antwerpen an der Finall vun der BeLux FIRST LEGO League!!

Den 23 Mäerz gouf am Sportpaleis zu Antwerpen déi grouss Finall vun der BeLux FIRST LEGO League ofgehalen, mat der bemierkenswäerter Deelnam vu fënnef Lëtzebuerger Ekippen. Iwwer déi lescht Wochen a Méint hu ronn 400 Equippen aus béiden Natiounen an der Liga konkurréiert, mat de 23 stäerksten Ekippen, déi sech duerch verschidde regional a national Evenementer fir d’BeLux Finall qualifizéiere konnten.

Mat vun der Partie dëst Joer waren d’Schoule vu Schieren a Bettenduerf! Dobäi konnt sech d’Team Lego Knuffs vu Schieren sensationnell de Champions Award fir déi bescht Gesamtleeschtung sécheren! Hir kreativ Problemléisungskompetenz huet zum Haaptgewënn vun der prestigsräichsterTrophäe vum Concours gefouert. D’Team Lego Knuffs huet en innovativen App-Prototyp entwéckelt, déi blanne Persounen duerch akustesch Beschreiwungen Danzbeweegunge méi no bréngen. Dës Applikatioun transforméiert eng opgehollen Danzsequenz a verbalen Instruktioune, sou datt d’Choreographie auditiv iwwermëttelt an nogetanzt ka ginn. Duerch eng Opnam vun der Tanzausféierung duerch eng blann Persoun bitt d’App personaliséierte Feedback zur Danzperformance.

Och d’Team Lux City vu Bettendorf huet mat sengem Engagement a Teamgeescht iwwerzeegt, wat mam Motivate Award belount gouf. Hir Yogaübunge während der Erëffnungsfeier waren een absoluten Highlight an eng flott Ofwieselung fir de ganze Publik am Sportpalais.

D’Dikrecher Regionaldirektioun gratuléiert deenen zwou Ekippe fir dëse super Exploit a wënsche fir Spaass an Erfolleg bei hire nächste Projeten!

Catégories
Actualités

Pensiounsfeier vum Jean Kasel

No 40 Joer Schoulhalen, dovun 8 Joer als Personaldéléguéierten a 14 Joer als President vum Schoulcomité an der Ettelbrécker Grondschoul ass et elo un der Zäit fir e neien Abschnëtt am Liewen vum Jean Kasel, genannt Jang. Elo ass endlech d’Zäit komm d’Schoulbicher op d’Säit ze leeën, de Schlëssel vum Schoulgebäi ofzeginn an et et sech gutt ergoen ze loossen.

Dikrecher Regionaldirektioun seet dem Jang villmools Merci fir déi exzellent Zesummenarbecht iwwer all déi Joeren a wënscht eng schéin Pensioun a weiderhinn déi beschte Gesondheet!

Merci Jang!

Fannt hei en Interview aus dem Ettelbrécker Reider mam Jang Kasel a mam Max Mangen:

Catégories
Actualités

Service Enfance – Ettelbruck – Visite du Ministre

Donneschdes, de 14 Mäerz 2024 war den Educatiounsminister Claude Meisch op Visitt zu Ettelbréck fir sech de Service Enfance unzekucken. Alleguer d’Akteuren déi a Kollaboratioun mam Service sti, sief dat d’Schoul, d’Maison relais, d’Gemeng, d’Regionaldirektioun, d’Ettelbrécker Rout Kräiz mee och de Foyer DPI haten am dësen Kader d’Méiglechkeet an den Échange mam Här Minister ze trieden. Och d’UP Foundation déi de ganze Prozess begleed huet war sur place an huet de Moien moderéiert.

Méi Informatioune zum Service Enfance zu Ettelbréck fannt dir hei:

Zum Ofschloss vun der Visitt goufen och nach d’Resultater vum Projet Kannerrechter (er)liewen presentéiert.

Catégories
Actualités

Journée pédagogique – « Improvisation »

Am Alldag vun engem Enseignant leeft net ëmmer alles no Plang a ganz oft kënnt e net derlaanescht och mol mussen ze improviséieren. Fir dëst ze trainéieren a fir eventuell ganz nei Methode kennen ze léieren, kruten den 12 Mäerz eis Schoulpresidenten, zesumme mat der Direktioun d’Méiglechkeet hier Impovisatiounskënschte ënner Beweis ze stellen.

Ënnert de Leedung vum Jörg Zander a Samt & Sonders goung et de ganzen Dag am Schlass zu Klierf dorëms ze improviséieren an ze weise wéi e mat iwwerraschenden, neien a komesche Situatiounen am Alldag kann ëmgoen an dëst duerno spieleresch kënnen op de Schoulalldag iwwerdroen.

Catégories
Actualités

First Lego League

Aus der Regioun 14 waren dëst Joer Ekippen aus de Grondschoule vu Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck a Schieren an der First Lego League Challenge vertrueden. D’Direktioun felicitéiert de 4 Schoulen fir hir flott Aarbecht an hier super Leeschtung!
No villen Aarbechtsstonnen an 3 Qualifikatiounsdeeg war de 24 Februar 2024 de grousse Moment an eis Schoule kruten d’Méiglechkeet, ëm den nationalen Titel an déi begéierte Plaze fir d’BELUX-Finall ze kämpfen, déi dëst Joer den 23. Mäerz am Sportpaleis zu Antwerpen stattfënnt.

Gratulatioun un « LuxCity » vu Bettenduerf an « Team Lego Knuffs » vu Schieren fir déi éischt resp. drëtt Plaz an domat och d’Qualifikatioun fir d’BELUX Finall den 23 Mäerz zu Antwerpen!

Wat genau ass d’FIRST Lego League?

D’FIRST Lego League Challenge fokusséiert op teambaséiert Kompetitioun, wou Gruppen aus bis zu 10 SchülerInnen vun 9 bis 16 Joer am Beräich vun Fuerschung, Problemléisung, Programméierung an Technologie duerch d’Entwécklung an d’Programméierung vun engem Lego-Roboter erausgefuerdert ginn. Dëse Roboter gëtt entworf, fir an engem Robot Game verschidde Missioune ze bewältegen. Jäerlech gëtt eng nei Challenge verëffentlecht, déi sech op e spezifescht wëssenschaftlecht Thema konzentréiert, dobäi ginn d’STEAM-Fäegkeeten (Wëssenschaft, Technologie, Ingenieurwiesen, Konscht, Mathematik) vun de Participante geziilt gefërdert.

Am Ufank vum Schouljoer fänken d’Ekippen un, un hire Projeten ze schaffen, mam Zil, sech duerch national Qualifikatiounen fir eng grouss Final ze qualifizéieren, wou déi bescht lëtzebuergesch Ekippen géint déi 20 stäerkst belsch Teams untrieden. D’Kompetitioun selwer ëmfaasst zwee Haaptkategorien: d’Robot Game, wou d’Ekippe mat hire programméierte Roboter verschidde Missioune op engem Spillfeld bewältege mussen, an d’Innovation Project, eng Presentatioun, wou si hir Fuerschungsresultater virun enger Jury presentéieren.

Méi Informatiounen zu der First Lego League fannt dir hei: Link1 Link2

Catégories
Actualités

Schierener Chrëschtmaart 2023

Wéi et schonn Traditioun ass, huet d‘Schierener Schoul och dëst Joer den 1 Dezember de Chrëschtmaart mat der Hëllef vun der Schierener Musek, der Gemeng, den Elteren an der Maison Relais organiséiert. Trotz der Keelt hate mer eng schéi geselleg Atmosphär mat engem gudde waarme Glühwäin.

D‘Gemengenaarbechter hunn de Chrëschtmaart mat enger flotter Chrëschtbeliichtung gerëscht. D‘Schoulkanner haten sech ganz vill Méi ginn fir schéi Chrëschtdekoratioun ze bastelen a Kichelcher ze baken. De Cycle 4 huet wéi all Joer hir Adventskränz gebastelt. Fir Grouss a Kleng war fir Animatioun gesuergt.

Géint 18h30 war de grousse Moment do. De Kleesche koum a Begleedung vun der Musek op de Chrëschtmaart. De Cycle 2 huet fir déi musikalesch Ambiance gesuergt an huet dem Kleeschen puer Lidder gesong. D‘Danzep huet gedanzt. All Kanner aus dem Duerf haten d’Geleeënheet eng Titche bei de Kleesche sichen ze goen.

Fir Iessen a Gedrénks war beschtens gesuergt. D‘Kanner konnte mat hiren Elteren an hire Grousselteren um Site vun der Schoul puer gemittlech Stonne verbréngen.

Een Deel vum Erléis gëtt fir e gudden Zweck gespent.

D’Schoulpersonal seet all engagéierte Biergerinnen a Bierger Merci fir d’Ënnerstëtzung.

Giuseppina Leone – Schoulpresidentin Schieren
Catégories
Actualités

Scheckiwwerreechung an der Schoul « Am Weier » am Äerenzdall

E Méindeg, den 23 Oktober 2023, konnten d’Schoulkanner, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vum Schouldirekter Gérard Roettgers, dem Schäfferot vun der Äerenzdallgemeng, der Maison Relais an der Elterevereenegung zwee Schecke vu jeeweils 3 000€ iwwerreechen.

Ee Scheck ass un d’S.O.S Kannerduerf gaangen an den zweeten un d’FAL – Fondatioun Autisme Luxembourg.

Mir spenden den Erléis vum Chrëschtmaart am Dezember 2022 a vum Schoulfest am Juli 2023.

Ee grousse MERCI geet u jiddereen deen eis bei eise Fester ënnerstëtzt an domadder hëlleft eppes fir de gudden Zweck ze maachen.

Stéphanie Koeune – Schoulpresidentin

Article MyWort

Catégories
Actualités

Level UP – Neie Projet vum SCRIPT

D’Netzwierk vun de bestoenden
an zukünftege Schoulconcoursen

Ëmmer méi pädagogesch Concourse ginn entre-temps fir all Alterskategorien duerch de ganze Schoulparcours organiséiert. Fir dës Concoursen ze regroupéieren an ze promouvéieren, huet de SCRIPT d’Initiativ lancéiert de Projet « Level UP » an d’Liewen ze ruffen.

Méi Informatiounen dozou fannt dir um Internetsite:

www.levelup.lu

Catégories
Actualités

Pensiounsfeier zu Dikrech

D’Schouljoer 2022-23 geet zu Enn a wéi all Joer bedeit dat fir verschidden Enseignanten d’Enn vun der Schoulkarriär an de Start an eng wuelverdéngte Pensioun. 6 Enseignanten aus der Dikrecher Regionaldirektioun goufen dowéinst invitéiert a kruten e Patt zum Beschten. Zesumme mat hire Schoulpresidenten an der Direktioun gouf dës Woch op e neit Kapitel an hirem Liewen ugestouss.

Catégories
Actualités

D’Kanner aus der Reisduerfer Grondschoul spenden un Médecins sans frontières

An der Woch virun der Fuesvakanz hunn mir wéi all Joer zesumme mat de Kanner eng Frühstückswochen organiséiert. Wärend dëser Woch dierfen d’Kanner sech all Dag un engem grousse Frühstücksbuffet servéieren. Fir d’Zutaten ze finanzéiere bréngt all Kand 10 Euro mat. Wat zum Schluss iwwreg bleift gëtt fir de gudden Zweck gespent.

Am Kader vun eiser traditioneller Sportswoch hudd och dëst Joer nees ee „Sponsored Run“ stattfonnt. D‘Kanner hunn sech an hirer Famill Sponsore gesicht, di sech bereet erkläert hunn, eng gewëss Zomm pro gelafenem Tour um Fussballterrain respektiv an der Sportshal ze sponseren.

Duerch dëss zwou Aktioune konnten mir am ganzen eng Zomm vu 5000€ sammelen, di mir der Organisatioun „Médecins sans frontières Luxembourg“ gespent hunn.

Um Schoulfest hu mir dëse schéine Chèque iwwerreecht.

Een décke Merci an Gléckwënsch un all Leefer a Sponsoren!

Elisabeth Puraye – Schoulpresidentin Reisduerf

MyWort Artikel