







Den 13. Mäerz huet d‘Dikrecher Regionaldirektioun (DR14) an Zesummenaarbecht mat den I-DSen an dem I-CN vun der Equipe „Développement scolaire“ vum IFEN ee Nomëtteg voller Austausch a Reflexioun iwwert d’Begleedung vu Kanner mat sozio-emotionalem Förderbedarf organiséiert.
D’Ouverture vum Nomëtteg gouf vun der Madame Nathalie Heftrich, Directrice adjointe vun der Dikrecher Regionaldirektioun, gemaach. Si huet d’Wichtegkeet vun enger gemeinsamer, strukturéierter a koordinéierter Approche ervirgehuewen, fir d’Kanner an enger sozio-emotionaler Vulnérabilitéit optimal z’ënnerstëtzen.
De Programm vum Nomëtteg bestoung aus dräi groussen Deeler:
1. Zwee Keynote-Exposéen:
« ETEP als eng gemeinsam Sprooch a gemeinsam Approche fir eng staark Schoulgemeinschaft » vum Cathy Peiffer (I-EBS an der Grondschoul zu Colmer-Bierg) a Caroline Bous (I-EBS an der Grondschoul zu Veianen). Si hunn de Projet ETEP virgestallt, e pädagogescht Konzept, dat gezielt op d’Besoine vu Kanner mat Verhalensopfällegkeeten oder sozio-emotionalen Defiziter ageet, an och fir eng systematesch Förderung vun de soziale Kompetenze gëeegent ass.
« Köpfchen statt Chaos: Exekutive Funktiounen als Schlüssel zum Lernerfolleg » presentéiert vum Christian Treinen, Pädagog vum Service Diagnostik vun der ESEB an der Dikrecher Regionaldirektioun. Hien huet de Stellewäert vun den exekutive Funktiounen als entscheedende Faktor fir de Léier-Erfolleg vun de Schüler beliicht.
2. Interaktiv Ausstellung:
Animéiert vun den Membere vun der ESEB-Assistance-Ekipp an den I-EBSen: All Schoul aus der Dikrecher Regioun konnt hei hir verschidde pädagogesch Konzepter an Tools virstellen, fir e favorabelt Léierëmfeld ze schafen, besonnesch fir Kanner mat Verhalensopfällegkeeten.
3. Praktesch Reflexioun a Conclusioun:
Zum Ofschloss gouf et eng kleng Aufgabestellung, bei där d’Participanten hir Iddien a praktesch Erkenntnisser vum Nomëtteg ausgetosch hunn.
Bei engem ofschléissende Patt, offréiert vun der Gemeng Housen, gouf et nach eng Kéier d’Méiglechkeet, den Austausch an engem entspaanten Ambiente weiderzeféieren.
D’Dikrecher Regionaldirektioun seet e grousse Merci un all d’Mataarbechter, déi zum Succès vun dësem Dag bäigedroen hunn: dem IFEN fir d’Hëllef bei der Virbereedung an der Emsetzung, den I-EBSen Caroline Bous a Cathy Peiffer, dem Christian Treinen, ESEB-Pädagog, fir hiere gelongenen Virtrag, , all den I-EBSen an all de Memberen vun der ESEB aus de Schoulen an der Dikrecher Regioun fir hier immens flott Stänn an hier Bereetschaft hier Erfarungen an hieren Know-How ze deelen, all de Enseignanten fir hieren Interessi an hier Bereetschaft sech mat op de Wee ze maachen an natierlech der Gemeng Housen fir hiren häerzlechen Empfang an hir logistesch Ënnerstëtzung. Dës pädagogesch Foire huet d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht a vun enger gemeinsamer Approche zur Begleedung vu Kanner mat sozio-emotionalem Förderbedarf bestätegt an nei Perspektive fir zukünfteg Initiativen an der Educatiounsgemeinschaft opgemaach.