Wéi et mëttlerweil schonn Traditioun ass, huet d’Dikrecher Regionaldirektioun hiert Schouljoer och 2025 mat enger klenger Marche gourmande, zesumme mat der ganzer Ekipp, den I-DS’en, dem I-CN an de Schoulpresidenten ofgeschloss. Dës Kéier stoung eng Randonnée am Dikrecher a Bettenduerfer Bësch, mat Tëschestopp um Mouschbierg a beim Däiwelselter, um Programm. Um Réckwee konnt sech jidderee bei enger Partie Boule op der Terrass vun der aler Schwëmm zu Dikrech moossen. De leschte Stopp, an den Ofschloss vum Dag, war dunn op der Terrass vun der Direktioun, wou nach eng Kéier defteg zesumme gegrillt an dem Tadej Pogacar nogekuckt gouf wéi hie sénger Konkurrenz op der éischter Pyrenäenetapp vum Tour de France keng Chance gelooss huet.
Et war e gelongenen Dag bei exzellentem Wieder an top Stëmmung. D’Regionaldirektioun vun Dikrech seet jidderengem e grousse Merci fir déi wertvoll a gutt Aarbecht iwwert d‘ganzt Joer a wënscht eng wonnerschéi Vakanz.































