Catégories
Actualités

Mir als Team: Wäerter an Zesummenaarbecht gemeinsam gestalten

Am Kader vum geplangten Déménagement op Ettelbréck huet d’Ekipp vun der Regionaldirektioun Dikrech de 7. Oktober eng intern Journée zu Biereng organiséiert.

Zil war et gemeinsam bestoend Strukturen ze verbesseren, d’Zesummespill tëschent de verschiddene Beräicher ze stäerken an d’Organisatioun vun der DR14 un déi zukünfteg Erausfuerderungen unzepassen.

Sou soll den Neistart zu Ettelbréck net nëmmen e Wiessel vum Standuert, mee och eng Chance fir eng positiv Weiderentwécklung als Ekipp sinn.