


Den 24. Abrëll hunn sech op Invitatioun vun der Dikrecher Regionaldirektioun am Festsall zu Schieren Vertrieder aus de Lycéeën wéi och d‘Enseignanten aus dem Cycle 4.2 aus der Regioun Nordstad zesummefonnt, fir sech iwwer d’Schouloffer am Enseignement secondaire auszetauschen.
Nieft dem Léierpersonal aus dem Cycle 4.2 waren och Vertrieder vum LCD, vum LTETT, vum LTA, vum Nordstad-Lycée an och vum Lycée Sainte-Anne präsent, fir hir jeeweileg Schouloffer virzestellen. Am Uschloss haten d’Enseignanten d’Méiglechkeet, Froen ze stellen a sech op de Stänn vun de Lycéeën nach weider z‘informéieren.
Zum Ofschloss huet d’Gemeng Schieren, déi frëndlecherweis hire Festsall zur Verfügung gestallt huet, op e klenge Patt invitéiert.
D’Dikrecher Regionaldirektioun seet der Gemeng Schieren, de Vertrieder vun de Lycéeën an den Enseignanten aus dem Cycle 4 e grousse Merci fir de gelongenen Nomëtteg an déi gutt Zesummenaarbecht.