Catégories
Actualités

Ofschloss vum Stage 2023/24

D’Dikrecher Regionaldirektioun huet och dëst Joer d’Stagiaire-Fonctionnairen an hir jeeweileg Conseillers pédagogiques op eng Receptioun an d’Gebailechkeete vun der Direktioun zu Dikrech invitéiert, fir hinne fir hir aussergewéinlech Aarbecht an den erfollegräichen Ofschloss vum Stage ze gratuléieren. Am Schouljoer 2023-24 hunn 8 Stagiairen hire Stage an de Schoule vun der Regionaldirektioun Dikrech absolvéiert a ginn dës Woch vum Minister Claude Meisch vereedegt.

D’Direktioun seet de Stagiairen an natierlech och hire Conseilleren e grousse Merci fir hir engagéiert Aarbecht a wënscht hinne vill Erfolleg an hirer weiderer Schoulkarriär.