Catégories
Actualités

Pensiounspatt zu Dikrech

Wéi an alle Beruffer kënnt och am Enseignement iergendwann de Moment, wou et Zäit ass, den Hummer un de Nol ze hänken an sech no joerzéngtelaang Aarbecht op déi wuelverdéngte Pensioun virzebereeden. Dëse Moment ass och nom Schouljoer 2024-25 fir 8 Enseignanten aus der Regioun Dikrech endlech komm. D’Regionaldirektioun hat dowéinst d’Éier op e kléngen Empfang anzelueden an hinnen hir häerzlechst Wënsch fir eng roueg an erfëllend Pensioun auszedrécken. Zesumme mat der Direktioun gouf den 7. Juli op e neit Kapitel an hirem Liewen ugestouss.