Catégories
Actualités

Scheckiwwereeschung an der Feelener Schoul

10 000 Euro Scheck vun de Schüler aus dem Kuebebongert

Erléis vum Sponsored Run fir d‘ Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn

Et gehéiert scho säit Joren zur schéiner Traditioun, dat d’Schoulkanner aus dem Kuebebongert vu Feelen mat hire Léierbeoptragten e puer Deeg virum Schoulofschloss, e Scheck fir engt gut Wierk weidergin. Viru kuurzem war et nees e souwäit, wou d‘Kanner aus de Cycle 1-4 den Erléis vum Sponsored Run am Kader vum Ofschloss vun der Schoulsportwoch vum 3. Juni, wou si fir all gelaafe Ronne gesponsort gi sin, a mat voller Kraaft vill Kilometer absolvéiert hun. Ganz stolz konnte sie all zesummen e Scheck vun 10 000 Euro un Madame Nelly Nash, verbonne mat engem oprichtige Merci iwwerginn, den der „ Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn“ zugut könnt. Mat konkrete Beispiller konnt de Mupp vun der Rass Golden Retriever de Kanner beweisen, wat hien an der Praxis fir d’Läit mat enger Behënnerung alles maache kann.

Charles Reiser (photo)

Article MyWort

Article RTL