Spannende Nomëtten zum Thema Sprooch mam Prof. Dr. Claudio Nodari


Den 22. Mee konnte mir de Prof. Dr. Claudio Nodari, renomméierte Sproochwëssenschaftler aus der Schwäiz bei eis zu Dikrech begréissen. Am Kader vun der Formatioun „Von der Sprachforderung zur Sprachförderung“ , déi mir zesumme mam IFEN ( www.ifen.lu ) am Ciné Scala an an der Aler Seeërei organiséiert haten, huet eise Gaascht vun Zürich den Enseignanten aus eise Grondschoulen interessant Weeër opgewisen, wéi ee mat Succès Kanner a méisproochege Kontexter an enger Sprooch ka viru bréngen. Uschléissend un dës Veranstaltung huet d’Léierpersonal lo d’Méiglechkeet, sech am Beräich vu SIMS (Sprachförderung in Mehrsprachigen Schulen) duerch zousätzlech Formatiounen, déi fir d’Schoulen an der Regioun Dikrech organiséiert ginn, virun ze bilden.
E grousse Merci geet un d’Participanten, d’Gemeng Dikrech, de Ciné Scala an natierlech un de Claudio Nodari fir säin engagéierte Bäitrag.







