Catégories
Actualités

Ofschloss vum Schouljoer 2022/23

De 19. Juli, wärend der éischter Woch vun der Schoulvakanz, war et un der Zäit dass d’Regionaldirektioun, zesumme mat der Diagnostik Ekipp, der Schoulentwécklungsekipp aus der Dikrecher Regioun, dem Büro vun de Classes étatiques an de Schoulpresidenten, sech emol een entspaanten Dag als Ofschloss vum Schouljoer 2022/23 gënnen. Wéi mécht een dat am Beschten? Natierlech bei dësem herrleche Wieder dobaussen an der Natur. 

D’Thema dëst Joer war eng Marche gourmande duerch d’Gemenge Bettenduerf an Dikrech. Op engem Parcours vu ronn 10 km, konnt jiddereen déi wonnerschéi Landschaft lanescht d’Sauer, mee och d’Bëscher aus béide Gemenge genéissen an dobäi op verschidde Statiounen e gudde Maufel iessen. 

Mir wënschen iech all eng schéi Vakanz!