Catégories
Actualités

Faarweg Ouschterfreed an der Veiner Gemeng

Am Kader vun enger flotter Ouschteraktioun hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 1 bis Cycle 4 aus der Veiner Grondschoul (Regionaldirektioun Dikrech) hirer Fantasie fräie Laf gelooss. Mat vill Kreativitéit, Faarf an Engagement si grouss, fantasievoll an ofwiesslungsräich Ouschtereeër entstanen, déi elo op verschiddene Plazen an der Gemeng Veianen ze bewonneren sinn.

Dëse Projet, deen a enker Zesummenaarbecht mat der Veiner Gemeng ëmgesat gouf, huet de Kanner eng schéi Geleeënheet gebueden, hir Kreativitéit auszedrécken an sech op eng spilleresch Aart a Weis un der Gestaltung vum ëffentleche Raum ze bedeelegen. All Ee ass eenzegaarteg a spigelt d’Iddien, d’Freed an d’Faarwewelt vun de Kanner erëm.

Déi faarweg Konschtwierker droen dozou bäi, d’Stadbild vum charmanten Touristestiedchen un der Our nach méi attraktiv a lieweg ze gestalten. Awunnerinnen, Awunner a Visiteuren si häerzlech invitéiert, dës besonnesch Ouschterdekoratioun bei engem Tour duerch Veianen ze entdecken.


Eng flott Initiativ, déi Fréijoersstëmmung verbreet an d’Kreativitéit vun de Kanner aus der Veiner Schull an de Mëttelpunkt stellt.

Text: Philippe Hermann / Fotoen: Ville de Vianden

Artikel MyWort

Catégories
Actualités

Eng nei Ära fir d’Grondschoul zu Ettelbréck

Dëser Deeg huet zu Warken d’Grondsteenleeung vun enger neier Grondschoul stattfonnt, a Präsenz ë. a. vum Inneminister Léon Gloden. De Bau vun dëser Infrastruktur markéiert den Ufank vun enger neier Ära an der Schoulentwécklung zu Ettelbréck.

No ville Joren, an deenen d’Patton-Stad ëmmer méi mat engem akute Plazmangel konfrontéiert war, kënnt elo endlech Beweegung an den Dossier vum Schoulneibau.

An de kommende Jore wäert nieft dësem neie Projet zu Warken och déi bestoend Maison Relais „Kannerbuerg“ an eng Quartiersschoul ëmgewandelt ginn, an d’Schoulgebai op der Place Marie-Thérèse gëtt komplett nei gestalt.

Domat wäert Ettelbréck an e puer Joer iwwer dräi vollstänneg Schoulsite verfügen, déi all déi véier Cyclen ofdecken. Op all Site gëtt och eng Maison Relais integréiert, fir de Kanner eng duerchgeheend Betreiung op engem eenzege Standuert ze garantéieren.

© Fotoen: Rom Henkes, RTL

Catégories
Actualités

ALPHA – Zesumme wuessen: Kick-Off fir den Cycle 2

No den Enseignanten aus dem Cycle 1, déi als éischt wäerten a Kontakt mat der neier Reform kommen, waren et dës Kéier awer d’Kolleegen an d’Kolleeginnen aus dem C2 déi e Kick-Off krute fir d’Reform erkläert ze kréien.

Ab dem Schouljoer 2027/2028 wäerten si eng zentral Roll spillen. Sie sinn déi éischt Enseignanten déi aktiv déi nei Alphabetiséierung bei de Kanner iwwert e ganzt Schouljoer wäerten uwenden.

Fir dëse wichtege Schrëtt virzebereeden, huet d’Dikrecher Regionaldirektioun – an enker Zesummenaarbecht mat den I-DSen – e Kick-Off organiséiert. D’Veranstaltung huet am Festsall vum Lycée classique de Diekirch (LCD) stattfonnt.

E ganz grousse Merci geet un den LCD, deen eis de Sall zur Verfügung gestallt huet an esou zum gudde Verlaf vum Nomëtteg bäigedroen huet.

Catégories
Actualités

Staatsvereedegung

Zënter zwee Joer kënnen eis Schoulen am Beräich vun der Inklusioun op eng zousätzlech Ënnerstëtzung an hire Strukturen zielen: den Assistant pour élèves à besoins éducatifs spécifiques, kuerz A-EBS. Och si hunn no erfollegräichem Ofschloss vun hirem Stage d’Méiglechkeet, als Fonctionnaire vereedegt ze ginn.

Dës Woch gouf dëse wichtege Moment fir ee vun eisen éischten A-EBSen an der Direktioun gefeiert.

Mir gratuléieren dem Här Zellweger zu senger Staatsvereedegung a freeën eis, dass eis Schoule mat den A-EBSen eng weider wäertvoll a permanent Hëllef am inklusive Beräich kréien.

Catégories
Actualités

Foire régionale ALPHA & Vernissage pédagogique

Den 29. Januar 2026 huet d’Dikrecher Regionaldirektioun an enker Zesummenaarbecht mam IFEN eng regional Foire am Centre écologique am Parc Housen organiséiert. Am Mëttelpunkt stoungen déi pedagogesch Usätz am Kader vun der Reform ALPHA fir d’Cyclen 1 an 2.

Den Nomëtte gouf mat Virträg iwwert d’Fërderung vun de Virleeferfäegkeete vun der Alphabetiséierung an der phonologescher Bewosstheet vum Charlotte Van den Hove a Jeanne Fayot ageleet.

Am Uschloss dozou, a mam Zil, d’Kommunikatioun tëscht de Cyclen ze fërderen an ee roude Fuedem ze kréien, hunn d’Enseignanten aus dem Cycle 1 vun den dräizéng Schoulen aus der Dikrecher Regioun ënnert dem Titel „Pädagogesch Schätz aus dem C1 – sproochbewosst an den C2“ vill Material a Praktiken aus hirem Alldag virgestallt, mat deenen si d’Kanner beschtméiglecht op d’Alphabetiséierung am Cycle 2 virbereeden. Di ronn 120 Participanten haten esou d’Geleeënheet, an den direkten Austausch ze goen.

Zum Ofschloss vum Nomëtte waren d’Participanten op de Vernissage mam Titel „Des images qui parlent – Inspirations pour alphabétiser“ invitéiert. Dës Fotoausstellung, organiséiert vum IFEN, huet Ablécker an Approchë gewisen, déi an de Pilotklasse vum Projet ALPHA ëmgesat goufen, a gläichzäiteg Raum gebuede fir den Echange tëscht den Enseignanten unzedreiwen.

E grousse Merci un d’Gemeng Parc Housen an de Centre écologique fir d’Organisatioun vun de Raimlechkeeten an dem conviviale Moment, déi weesentlech zu dësem erfollegräichen Nomëtte bäigedroen hunn.

Catégories
Actualités

Schoulfoire vun de Lycéeën aus der Nordstad 

Am Kader vum Weekend vun der „Schoulfoire vun de Lycéeën aus der Nordstad“, déi de 24. Januar am Hall Däich zu Ettelbréck stattfonnt huet, huet d’Regionaldirektioun Diekirch, an enker Zesummenaarbecht mat den Direktioune vun de Lycéeën, eng Austausch- a Informatiounsreunioun organiséiert.

Dës Reunioun huet am allgemengen d’Offre scolaire an de Lycéeë beliicht an dobäi e besonnesche Fokus op d’Spezifizitéite vun de fënnef Nordstad-Lycéeë geluecht:
LCD, NOSL, LTEtt, LTA an EPSAE.

Catégories
Actualités

Zuch vun der Demokratie

Besuch vum Ettelbrécker Cycle 3.2 an der Chamber

Am Kader vum „Zuch vun der Demokratie“ hat d’Klass vun der Madamm L. Haxter aus dem Cycle 3.2. vun der Ettelbrécker Grondschoul den 21. November d’Geleeënheet, d’Chambre des Députés ze besichen.

No enger Rei interessanten Diskussiounen an enger demokratescher Ofstëmmung hunn d’Kanner decidéiert, hir Iddi – zweemol pro Woch an der Schoul e gemeinsaamt Frühstück mat regionale Produiten anzeféieren – an der Chamber virzestellen.

D’Deputéiert Françoise Kemp huet der Klass mat vill Opmierksamkeet nogelauschtert. Si huet versprach, dëse Projet un hir Kolleeginnen a Kolleegen aus der Chamber weiderzeleeden an de Kanner e Feedback iwwert de weidere Verlaf ze ginn.

Dëse Besuch huet de Kanner op eng pädagogesch ganz konkret Aart a Weis gewisen, datt eng demokratesch Gesellschaft nëmme funktionéiert, wann all Stëmm Gehéier fënnt – och déi vun de Jéngsten.

Catégories
Actualités

Challenge « E Bam plazen »

Challenge “E Bam planzen”

No der Nominatioun duerch d’Bettenduerfer Grondschoul huet d’Regionaldirektioun Dikrech d’Challenge ugeholl, fir bannent 72 Stonnen och e Bam ze planzen.

Séier war awer kloer, datt sou ee Projet nëmmen zesumme mat de Kanner sollt ëmgesat ginn.

E grousse Merci geet un d’Buerschter Schoul an d’Gemeng fir déi flott Geleeënheet, an der Enceinte vum Schoulgebai stellvertriedend fir déi 13 Schoulen aus der Direktioun Dikrech ee schéinen Äppelbam ze planzen.

Gespaant däerf ee sinn, wéini déi éischt Äppel gepléckt kënne ginn. 😊

Catégories
Actualités

Marche gourmande DR14

Wéi et mëttlerweil schonn Traditioun ass, huet d’Dikrecher Regionaldirektioun hiert Schouljoer och 2025 mat enger klenger Marche gourmande, zesumme mat der ganzer Ekipp, den I-DS’en, dem I-CN an de Schoulpresidenten ofgeschloss. Dës Kéier stoung eng Randonnée am Dikrecher a Bettenduerfer Bësch, mat Tëschestopp um Mouschbierg a beim Däiwelselter, um Programm. Um Réckwee konnt sech jidderee bei enger Partie Boule op der Terrass vun der aler Schwëmm zu Dikrech moossen. De leschte Stopp, an den Ofschloss vum Dag, war dunn op der Terrass vun der Direktioun, wou nach eng Kéier defteg zesumme gegrillt an dem Tadej Pogacar nogekuckt gouf wéi hie sénger Konkurrenz op der éischter Pyrenäenetapp vum Tour de France keng Chance gelooss huet.

Et war e gelongenen Dag bei exzellentem Wieder an top Stëmmung. D’Regionaldirektioun vun Dikrech seet jidderengem e grousse Merci fir déi wertvoll a gutt Aarbecht iwwert d‘ganzt Joer a wënscht eng wonnerschéi Vakanz.

Catégories
Actualités

10 000 Euro Scheck vun de Schüler aus dem Kuebebongert

 Erléis vum Sponsored Run fir de Päerds Atelier vu Metscheed

Et gehéiert schon säit Joeren zur schéiner Traditioun, dat d’Schoulkanner aus dem Kuebebongert vu Feelen mat hiren Léierbeoptragten e puer Deeg virum Schoulofschloss, e Scheck fir engt gut Wierk weidergin. Viru kuurzem war et nees e souwäit, wou d‘Kanner aus den Cycle 1-4 den Erléis vum Sponsored Run am Kader vum Ofschloss vun der Schoulsportwoch vum 6. Juni, wou si fir all gelaafe Ronnen gesponsort gi sin, a mat voller Kraaft vill Kilometer absolvéiert hun. Ganz stolz konnten sie all zesummen a Presenz vum Patrick Lepage, bäigeorneten Direkter vun der Regionaldirektioun Dikrech, e Scheck vun 10 000 Euro un Nancy Specchio, iwergin, den dem „Päerds Atelier vu Metscheed“ zugut könnt. No hirem grousse Merci huet d’Nancy Specchio de Kanner mat hirem Léierpersonal d‘Aktivitéiten vum Päerds Atelier erklärt, wou dess Suen an hirem Ausbildungszentrum „Liewenshaff“ zu Metscheed och ganz gut agesaat gin.

Foto: Charles Reiser