D’Klass 4.1a vum Célia Giudice a Viviane Coremanns aus der Primärschoul “Um Brill” zu Tandel huet dëst Joer fir Chrëschtdag decidéiert de Kanner, déi de Moment hospitaliséiert sinn an deenen et am Moment leider net sou gutt geet, eng Freed ze maachen. Fir dëse Kanner hëllefen ze kënnen an erëm ee Laachen an d’Gesiicht ze zauberen, huet d’Klass am Dezember 2022 eng Woch laang am Schoulgebai Kuch verkaf an den Erléis un d’Organisatioun “Île aux clowns” gespent.
No laanger Waardezäit konnt dëst Joer endlech nees e Chrëschtmaart zu Veianen ofgehal ginn. Den 26. November 2022 war et souwäit an souguer de Kleeschen an de Pëlzebock haaten sech et net huele gelooss an hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir e puer flotter Stonnen mat de Veianer Leit ze verbréngen.
Besonnesch d’Kanner aus der Veiner Schull hunn dem Hellege Mann gesongen, virgedanzt an e kuerzt Theaterstéck virgefouert. D’Schüler aus alle Cyclen (C1-C4) hu gebak a gebastelt an uschléissend hir Schneekereien a Chrëschtdeko an enger Tombola verspillt. Dësen Erléis, 865 Euro, huet d’Veiner Schull integral un d’Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen UNICEF gespent.
An deem Kontext war en Donneschdeg, den 22. Dezember 2022, eng Scheckiwwerreechung um Site vun der Veianer Schoul, dës a Presenz vu der Regionaldirektioun Dikrech. All d’Schoulkanner, vu kleng bis grouss, hate sech mat hirem Léierpersonal zesummefonnt fir der Madame Nathalie Wohlfart vun UNICEF Lëtzebuerg dësen Don z‘iwwerreechen. Mat dëse gesammelte Sue kann och deene Kanner, deenen et net sou gutt geet, eng kleng Freed fir d’Feierdeeg gemaach ginn.
E Freideg, 2. Dezember war et endlech nees esou wäit. D’Schierener Schoul huet op hiren traditionelle Chrëschtmaart um Schoulsite invitéiert. Am Nomëtteg ass fläisseg opgeriicht a gerëscht ginn. Ab 17h30 konnten d’Léit de Schoulkanner hir selwer gebastelt Chrëschtsaachen op deene ville Stänn bewonneren a kafen a sech bei de kalen Temperature mat engem Glühwäin oder Choky opwiermen.
De Kleeschen hat och dëst Joer erëm, mat der Ënnerstëtzung vun der Schierener Musek, de Wee op Schieren fonnt, fir de Schierener Kanner eng Titchen ze schenken. D’Schoulkanner aus dem Cycle 2 hunn mat vill Freed bekannte Kleesercherslidder virgedroen, déi si iwwert déi lescht Woche fläisseg geüübt haten.
D’Léierpersonal an den Elterecomité, mat der Hëllef vu ville fräiwëllegen Elteren, hu fir de Verkaf an d’Organisatioun gesuergt, esou datt de Chrëschtmaart och dëst Joer e groussen Erfolleg war.
Een Deel vum Erléis gëtt dëst Joer un d’Aktioun “Kannerwonschbam“ vum Office social NORDSTAD gespent.
E grousse Merci all deenen déi un der Organisatioun a Realisatioun vum Chrëschtmaart bedeelegt waren.
Ce mardi 8 novembre, la Direction de l’enseignement fondamental de la région de Diekirch, en collaboration avec les instituteurs spécialisés en développement scolaire (I-DS) et en compétences numériques (I-CN) ainsi qu’avec l’enseignant en charge du projet ROBOTEC, avait invité tous les responsables en informatique avec les présidents des comités d’écoles de la région à un Workshop au sujet des nouvelles technologies de l’information et de la communication dans les écoles fondamentales. Dans différents ateliers, les invités ont eu la possibilité de s’échanger et de partager leurs compétences et expériences dans le contexte de l’implémentation et du développement de l’informatique dans les écoles. Cette rencontre a été jugée très productive et utile par tous les participants, de sorte que d’autres réunions ont été envisagées dans l’optique d’une mise en réseau.
Les cookies nous permettent de personnaliser le contenu et les annonces, d'offrir des fonctionnalités relatives aux médias sociaux et d'analyser notre trafic. Nous partageons également des informations sur l'utilisation de notre site avec nos partenaires de médias sociaux, de publicité et d'analyse, qui peuvent combiner celles-ci avec d'autres informations que vous leur avez fournies ou qu'ils ont collectées lors de votre utilisation de leurs services.
Functional
Toujours activé
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
Preferences
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
Statistics
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
Marketing
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.