Catégories
Actualités

Kick-Off DR14

« Alphabétisation en Français – Zesumme wuessen »

Ënnert der Moderatioun vum Simone Poss an dem Thomas Berliner hunn sech den 11. Februar d’Presidenten aus de Schoule vun der Dikrecher Regioun zesumme mat der Direktioun getraff, fir sech iwwert de Projet « Alphabétisation en Français » auszetauschen. Dës war eng wichteg Geleeënheet, fir gemeinsam Iddien ze entwéckelen an éischt konkret Virschléi fir d’Ëmsetzung vum Projet ze erarbechten.

De ganzen Nomëtteg iwwer haten d’Schoulpresidenten d’Méiglechkeet, hir Meenungen, Erfarungen a méiglech Bedenken anzebréngen, fir de Projet an de kommende Joren optimal an hirer Schoulrealitéit ze verankeren.D’Regionaldirektioun vun Dikrech freet sech besonnesch iwwer d’oppent an engagéiert Matschaffe vun de Schoulpresidenten an hir Bereetschaft, dëse wichtege Projet mat Éiergäiz an hirer Schoulgemeinschaft ëmzesetzen.

Catégories
Actualités

Formatioun zum Thema „Kanner mat schwieregem Verhalen“

Mieux gérer les troubles ou comportements difficiles et attentionnels dans nos classes – Kick-off mam Charlotte Van Den Hove

De 14. Januar 2025 huet déi Dikrecher Regionaldirektioun zesumme mam IFEN ee Kick-off zur Formatioun Mieux gérer les troubles ou comportements difficiles et attentionnels dans nos classes mam Charlotte Van Den Hove organiséiert. Ronn 70 Enseignanten an educatiivt Personal aus der Regioun hu sech afonnt, fir hiert Wëssen iwwert den Ëmgang mat verhalensopfällege Kanner ze verdéiwen.

Den Nomëtteg gouf mat engem kuerze Virtrag vun der Madamm Charlotte Van Den Hove agelaut, an deem si op d’Haaptaspekter vum Thema agaangen ass. Am zweeten Deel haten d’Participanten d’Méiglechkeet, an enger Ausstellung praktesch Outilen, Aktivitéiten a Bicher ze entdecken, déi hinne bei hirer Aarbecht kënne weiderhëllefen.

Den Ofschloss vun der Formatioun war e Workshop, an deem d’Participanten hir Erfarungen ausgetauscht an iwwert hir eege Praxis reflektéiert hunn. Fir de Sujet weider ze verdéiwen, gouf hinnen zum Schluss d’Méiglechkeet ugebueden, sech an eng asynchron Formatioun anzeschreiwen.

Catégories
Actualités

Formation « KI » zu Dikrech an der Regionaldirektioun

D’Enseignanten aus de Grondschoulen aus der Regioun Dikrech haten d’Méiglechkeet, un enger spannender Formatioun iwwert d’Thema „Kënschtlech Intelligenz (KI)“ deelzehuelen. Initiéiert gouf dës Formatioun vun der Dikrecher Regionaldirektioun an Zesummenarbecht mam regionalen I-CN, dem Marc Kremer.

D’Zil war et, e Bewosstsinn fir d’Chancen an d’Erausfuerderunge vun der KI am Schoulalldag ze verschafen. D’Formatioun war a dräi Deeler opgedeelt:

Deel 1: Aféierung an d’KI
Am éischten Deel kruten d’Participanten d’Basiswëssen iwwert KI vermëttelt.

Deel 2: Praxis
Am prakteschen Deel konnten d’Enseignanten verschidde KI-Tools op diverse Statiounen ausprobéieren – vun Text- a Bilderstellung bis zu Unterréchtsvirbereedung mat KI.

Deel 3: Ëmsetzung um Terrain
Zum Ofschloss gëtt nach eng konkret Ëmsetzung um Terrain gemaach, déi kuerz dokumentéiert gëtt, inklusiv enger Reflexioun iwwer de Verlaf an de Resultater vun dëser Ëmsetzung.

Dës Formatioun huet éischt Ablécker ginn, wéi KI d’Enseignanten ënnerstëtze kann an hinnen sou erméiglecht, de Schüler wichteg Mediekompetenzen ze vermëttelen.