Catégories
Actualités MyWort Artikel

Scheckiwwereechung an der Feelener Schoul

E Freideg, den 30. Juni 2023 hunn d’Schoulkanner aus dem “Kuebebongert” vu Feelen, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vun dem Här Lepage aus der Regionaldirektioun, dem Buergermeeschter Här Mergen souwéi enger Rei Memberen vun den Elterevertrieder, ee Scheck am Wäert vun 10.000€ un d’Associatioun “Care Luxembourg” iwwereescht.

De Frédéric Haupert, Direkter vun der Vereenegung “Care Luxembourg” huet dankend de Scheck entgéintgeholl a wärend de Festivitéiten de Kanner aus de Cyclen 1-4 erkläert, dass d’Suen vun hirem Don am Äerdbiewegebitt vun der Tierkei a vu Syrien wäerten agesat ginn.

Dës Zomm ass den Erléis vum “Sponored Run” vum 19. Mee 2023, organiséiert vum Léierpersonal. Ee grousse MERCI un d’Elterevertrieder an un d’Gemeng fir di wäertvoll Hëllef an Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vun dësem sportlechen Event.

E ganz grousse Merci och un all Elteren, Grousselteren, Famill a Frënn, déi dëse schéine Schéck méiglech gemaach hunn!

Eric Ries – Schoulpresident Feelen

Article MyWort