Catégories
Actualités MyWort Artikel

Scheckiwwerreechung an der Schoul zu Tandel

© Joanne Käppeli

16.790 Euro fir „Le Soleil dans la Main’’

Dëser Deeg hunn d’Schoulkanner vun Tandel, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vum Regionaldirekter Gérard Roettgers a vun der Directrice adjointe Nathalie Heftrich, Membere vum Schäfferot vun der Gemeng Tandel a Vertrieder vun der Elterevereenegung Tandel, ee Scheck iwwer 16.790 Euro un d’Madamm Véronique Schmitz an un de Monsieur Patrick Hinterscheid vun der Associatioun „Le Soleil dans la Main“ iwwerreecht.

D’Vertrieder vun der ONG hunn de Schüler virun der Scheckiwwerreechung hir Aarbecht virgestallt. Vu dass d’Aarbecht vu „Le Soleil dans la Main“ vum MAEE cofinanzéiert gëtt, stellt dësen Don d’Halschent vum néidege Kapital fir de Bau vun enger Schoul am Burkina Faso duer.

Dës Zomm ass den Erléis vun engem Spendelaf, dee virun der Päischtvakanz als Ofschloss vun der Tandeler Sportswoch organiséiert gouf.

E grousse Merci un d‘Elterevereenegung fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun de Kanner. E weidere Merci geet un de fréiere Buergermeeschter Aly Kaes a seng Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot, déi d’Schoulpersonal mat hirem Don motivéiert hunn, un hirer Bikinifigur ze schaffen.

Den allergréisste Merci geet awer un all d’Kanner an hir Donateuren, déi mat hirer super Leeschtung an hire generéise Spenden dëse formidabele Scheck iwwerhaapt méiglech gemaach hunn.

Christ Warszta – Schoulpresident Tandel

Article MyWort