
Auteur/autrice : lwagner
Zuch vun der Demokratie
Besuch vum Ettelbrécker Cycle 3.2 an der Chamber




Am Kader vum „Zuch vun der Demokratie“ hat d’Klass vun der Madamm L. Haxter aus dem Cycle 3.2. vun der Ettelbrécker Grondschoul den 21. November d’Geleeënheet, d’Chambre des Députés ze besichen.
No enger Rei interessanten Diskussiounen an enger demokratescher Ofstëmmung hunn d’Kanner decidéiert, hir Iddi – zweemol pro Woch an der Schoul e gemeinsaamt Frühstück mat regionale Produiten anzeféieren – an der Chamber virzestellen.
D’Deputéiert Françoise Kemp huet der Klass mat vill Opmierksamkeet nogelauschtert. Si huet versprach, dëse Projet un hir Kolleeginnen a Kolleegen aus der Chamber weiderzeleeden an de Kanner e Feedback iwwert de weidere Verlaf ze ginn.
Dëse Besuch huet de Kanner op eng pädagogesch ganz konkret Aart a Weis gewisen, datt eng demokratesch Gesellschaft nëmme funktionéiert, wann all Stëmm Gehéier fënnt – och déi vun de Jéngsten.




Challenge « E Bam plazen »
Challenge “E Bam planzen”
No der Nominatioun duerch d’Bettenduerfer Grondschoul huet d’Regionaldirektioun Dikrech d’Challenge ugeholl, fir bannent 72 Stonnen och e Bam ze planzen.
Séier war awer kloer, datt sou ee Projet nëmmen zesumme mat de Kanner sollt ëmgesat ginn.
E grousse Merci geet un d’Buerschter Schoul an d’Gemeng fir déi flott Geleeënheet, an der Enceinte vum Schoulgebai stellvertriedend fir déi 13 Schoulen aus der Direktioun Dikrech ee schéinen Äppelbam ze planzen.
Gespaant däerf ee sinn, wéini déi éischt Äppel gepléckt kënne ginn. 😊
Marche gourmande DR14
Wéi et mëttlerweil schonn Traditioun ass, huet d’Dikrecher Regionaldirektioun hiert Schouljoer och 2025 mat enger klenger Marche gourmande, zesumme mat der ganzer Ekipp, den I-DS’en, dem I-CN an de Schoulpresidenten ofgeschloss. Dës Kéier stoung eng Randonnée am Dikrecher a Bettenduerfer Bësch, mat Tëschestopp um Mouschbierg a beim Däiwelselter, um Programm. Um Réckwee konnt sech jidderee bei enger Partie Boule op der Terrass vun der aler Schwëmm zu Dikrech moossen. De leschte Stopp, an den Ofschloss vum Dag, war dunn op der Terrass vun der Direktioun, wou nach eng Kéier defteg zesumme gegrillt an dem Tadej Pogacar nogekuckt gouf wéi hie sénger Konkurrenz op der éischter Pyrenäenetapp vum Tour de France keng Chance gelooss huet.
Et war e gelongenen Dag bei exzellentem Wieder an top Stëmmung. D’Regionaldirektioun vun Dikrech seet jidderengem e grousse Merci fir déi wertvoll a gutt Aarbecht iwwert d‘ganzt Joer a wënscht eng wonnerschéi Vakanz.































Erléis vum Sponsored Run fir de Päerds Atelier vu Metscheed
Et gehéiert schon säit Joeren zur schéiner Traditioun, dat d’Schoulkanner aus dem Kuebebongert vu Feelen mat hiren Léierbeoptragten e puer Deeg virum Schoulofschloss, e Scheck fir engt gut Wierk weidergin. Viru kuurzem war et nees e souwäit, wou d‘Kanner aus den Cycle 1-4 den Erléis vum Sponsored Run am Kader vum Ofschloss vun der Schoulsportwoch vum 6. Juni, wou si fir all gelaafe Ronnen gesponsort gi sin, a mat voller Kraaft vill Kilometer absolvéiert hun. Ganz stolz konnten sie all zesummen a Presenz vum Patrick Lepage, bäigeorneten Direkter vun der Regionaldirektioun Dikrech, e Scheck vun 10 000 Euro un Nancy Specchio, iwergin, den dem „Päerds Atelier vu Metscheed“ zugut könnt. No hirem grousse Merci huet d’Nancy Specchio de Kanner mat hirem Léierpersonal d‘Aktivitéiten vum Päerds Atelier erklärt, wou dess Suen an hirem Ausbildungszentrum „Liewenshaff“ zu Metscheed och ganz gut agesaat gin.


Foto: Charles Reiser
ESEB Ofschloss vum Schouljoer 2024/25
Den 10. Juli krut och d’ESEB aus der Dikrecher Regioun e Patt zum Beschten no hirer Ofschlossreunioun vum Schouljoer 2024/25.
D’Regionaldirektioun seet der ganzer ESEB Assistance an de Schoulen, wéi och den I-EBS’en a natierlech der ganzer Ekipp vum Diagnostik e grousse Merci fir hier super Aarbecht iwwert dat ganzt Joer a wënscht eng flott an erhuelsam Vakanz.

Ofschloss vum Stage 2024/25

D’Dikrecher Regionaldirektioun huet och dëst Joer d’Stagiaire-Fonctionnairen an hir jeeweileg Conseillers pédagogiques op eng Receptioun an d’Gebailechkeete vun der Direktioun zu Dikrech invitéiert, fir hinne fir den erfollegräichen Ofschloss vum Stage ze gratuléieren. Am Schouljoer 2024-25 hunn 10 Stagiairen hire Stage an de Schoule vun der Regionaldirektioun Dikrech absolvéiert a ginn dës Woch vum Minister Claude Meisch vereedegt. Niewent de Stagiairen an der Fonctionnaireskarriär kruten och 15 Stagiairen an der Employéskarriär e Patt fir op hiren Ofschloss vum Stage unzestoussen.
D’Direktioun seet de Stagiairen an natierlech och hire Conseilleren e grousse Merci fir hir engagéiert Aarbecht a wënscht deenen neien Enseignante vill Erfolleg an hirem neie Beruff.


Pensiounspatt zu Dikrech
Wéi an alle Beruffer kënnt och am Enseignement iergendwann de Moment, wou et Zäit ass, den Hummer un de Nol ze hänken an sech no joerzéngtelaang Aarbecht op déi wuelverdéngte Pensioun virzebereeden. Dëse Moment ass och nom Schouljoer 2024-25 fir 8 Enseignanten aus der Regioun Dikrech endlech komm. D’Regionaldirektioun hat dowéinst d’Éier op e kléngen Empfang anzelueden an hinnen hir häerzlechst Wënsch fir eng roueg an erfëllend Pensioun auszedrécken. Zesumme mat der Direktioun gouf den 7. Juli op e neit Kapitel an hirem Liewen ugestouss.

Schoulfest zu Veianen
Den 30. Juni huet d’Veianer Schull op hiert järlecht Schoulfest agelueden. Fannt dozou een Text vum Philippe Hermann, Veiner Schoulpresident, am MyWort Artikel. (Fotoen: Jengel Klasen)





Den 6. Juni ass am Parc Housen feierlech den éischte Stee fir d’Erweiderung vum Schoulsite geluecht ginn. D’Zeremonie huet a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden, dem Präsident vum Syndicat intercommunal SISPOLO, Romain Wester, souwéi Vertrieder vun der Dikrecher Regionaldirektioun an dem lokale Léierpersonal vum SISPOLO stattfonnt.
Bis zur Rentrée 2028/29 sollen zwee nei Gebaier fir den Zyklus 1 an d’Zyklen 2-4 fäerdeg sinn.














