Catégories
Actualités

“Le soleil dans la main”

Viru kuerzem gouf d’Schoul Koudyiri zu Koudougou am Burkina Faso a Betrieb geholl.

D’Grondschoul vun Tandel huet dëse Projet mat engem Don vun 16790 Euro un d’ONG „Le soleil dans la main“ co-finanzéiert.

E grousse Merci geet nach eemol un d’Kanner an hir Donateuren aus der Tandeler Gemeng.

Si hunn dës generéis Spend mat engem enormen Exploit während engem Spendelaf zum Ofschloss vun der Tandeler Sportswoch am Mee 2023 erméiglecht.

Crédit photo: Le soleil dans la main