Catégories
Actualités

ESEB Ofschloss vum Schouljoer 2025/26

De 9. Juli krut och d’ESEB aus der Dikrecher Regioun e Patt zum Beschten no hirer Ofschlossreunioun vum Schouljoer 2025/26.

D’Regionaldirektioun seet der ganzer ESEB Assistance an de Schoulen, wéi och den I-EBS’en a natierlech der ganzer Ekipp vum Diagnostik e grousse Merci fir hier super Aarbecht iwwert dat ganzt Joer a wënscht eng flott an erhuelsam Vakanz.

Catégories
Actualités

Ofschloss vum Stage 2025/26

D’Dikrecher Regionaldirektioun huet och dëst Joer hir Stagiaire-Fonctionnairen zesumme mat hire jeeweilege Conseillers pédagogiques op eng kleng Receptioun an d’Gebailechkeete vun der Direktioun zu Dikrech invitéiert, fir hinnen zum erfollegräichen Ofschloss vun hirem Stage ze gratuléieren.

Am Schouljoer 2025/2026 hunn aacht Stagiairen hire Stage an de Schoule vun der Regionaldirektioun Dikrech erfollegräich ofgeschloss. Si ginn dës Woch vum Minister Claude Meisch vereedegt a starten domat offiziell an hir Carrière als Enseignant.

D’Regionaldirektioun seet de Stagiairen, awer och hire Conseillers pédagogiques, e grousse Merci fir hiren Engagement an déi geleeschten Aarbecht.

Catégories
Actualités

Veiner Schull weist Solidaritéit

Am Kader vum Schoulfest vun der Veiner Schull, dat dëst Joer ënnert dem Motto „Fussball-WM 2026“ stoung, konnt e Scheck vun 1.550 Euro un d’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt iwwerreecht ginn.

Dëse flotte Montant ass duerch den engagéierten Asaz vun der ESEB-Ekipp an de Kanner vun der Veiner Schull zesummekomm. Am Laf vum Schouljoer hunn d’Kanner zesumme mat der ESEB-Ekipp virun de Vakanzen reegelméisseg verschidde kulinaresch Aktivitéiten organiséiert. Mat vill Freed a Motivatioun goufen dobäi verschidde kulinaresch Leckereien preparéiert a verkaf.

De gesammelte Betrag kënnt Kanner am Senegal zegutt. Mat dëse Sue kënne Schoulmaterial, Schoulartikelen an aner wichteg Hëllefsmëttel finanzéiert ginn, fir de Kanner do den Zougang zu enger qualitativ gudder Schoulausbildung ze erliichteren an hir Entwécklung ze ënnerstëtzen.

E grousse Merci geet un d’ESEB-Ekipp, un all d’Kanner fir hiren Asaz an un all Persounen, déi dës flott Aktioun duerch hir Ënnerstëtzung méiglech gemaach hunn.

Philippe Herman (Schoulpresident)

MyWort Artikel

(Foto: Jengel Klasen)

Catégories
Actualités

Pensiounspatt zu Dikrech

Wéi an all Beruff kënnt och am Enseignement iergendwann den Ament, wou et Zäit gëtt, an déi wuelverdéngte Pensioun ze goen an no ville Joren engagéiertem Asaz eng nei Liewensphas unzefänken. Fir 7 Enseignanten aus der Regioun Dikrech ass dëse wichtege Liewensaschnëtt nom Schouljoer 2025/2026 agetrueden. Aus dësem Grond hat d’Regionaldirektioun d’Éier, si op e klengen Empfang anzelueden, fir hinne Merci fir hiren onermiddlechen Engagement ze soen an hinne déi bescht Wënsch fir eng roueg, gesond an erfëllte Pensioun mat op de Wee ze ginn. Zesumme mat der Direktioun an de jeeweilegen Schoulpresidente gouf de 6. Juli op dësen neie Liewensofschnëtt ugestouss.

Catégories
Actualités

Aarbechtsvisitt vum Minister Meisch

Am Kader vun der Preparatioun op d’Implementatioun vun der Reform ALPHA an de kommende Joren ass den Edukatiounsminister Claude Meisch de Moment an alle Regionaldirektioune vum Land ënnerwee, fir sech de Froen an och de Remarke vun de Schoulpresidenten aus de jeeweilege Grondschoulen ze stellen.

Den 1. Juli war den Här Meisch och zu Dikrech op Besuch. Déi 13 Schoulpresidenten aus eiser Direktioun haten sech am Virfeld Gedanke gemaach, wéi eng Froen si dem Minister kéinte stellen an op wéi eng Aspekter si besonnesch opmierksam wéilte maachen.

Et war eng immens konstruktiv Aarbechtssëtzung, an et freet eis ze gesinn, mat wéi vill Engagement an Iwwerleeung d’Schoulpresidenten aus der Direktioun Dikrech sech un der Ëmsetzung vun der Reform ALPHA um Terrain bedeelegen.

Catégories
Actualités

Colmar-Bierg um MaachMath-Concours

Dëst Joer hu net manner wéi dräi Klasse vum Cycle 4 aus der Grondschoul Colmar-Bierg eng aussergewéinlech Leeschtung gewisen: Si hunn et all an d’Finall vum MaachMath-Concours gepackt.

Am Cycle 4.1 konnt d’Klass vun der Madamm Nathalie Weyer eng exzellent zweet Plaz erreechen. D’Klass vun der Madamm Christiane Bourg aus dem Cycle 4.2 huet sech eng staark drëtt Plaz geséchert.

Besonnesch ervirzehiewen ass awer d’Leeschtung vun der Klass vun der Madamm Mireille Clesen, déi sech déi éischt Plaz geséchert huet an domat de Concours an hirer Kategorie gewonnen huet.

Dëse Succès ass ëmsou méi bemierkenswäert, well d’Klass vun der Madamm Clesen elo schonn dat drëtt Joer hannereneen an der Finall stoung. Am Cycle 3.2 hat si déi drëtt Plaz erreecht, am Cycle 4.1 déi zweet, an dëst Joer ass et hir endlech gelongen, de Concours ze gewannen an op déi héchst Trapp vum Podium ze klammen.

Mir gratuléieren alle Schülerinnen a Schüler, hire Léierpersounen an allen Acteuren, déi zu dësem flotte Resultat bäigedroen hunn, ganz häerzlech a wënschen hinnen och an Zukunft vill Freed a Succès beim mathemateschen Entdecken.

Catégories
Actualités

Den OKAJU op Visitt zu Ettelbréck

Den 11.Mee huet den OKAJU zum Thema “Inklusioun” an der Däichhal zu Ettelbréck eng Table ronde organiséiert.

Dorunner deelgeholl hunn SAR de Prënz Louis fir d’Fondatioun Henri a Maria Teresa, den Tom Peiffer (Präsident vun der Ettelbrécker Schoulkommissioun), d’Michèle Racké ( Directrice vun der APEMH), d’Martine Kirsch (Präsidentin vum ZEFI), de Laurent Wittké (Educateur gradué aus dem Park vum CHNP), den Gene Posing (Directeur Adjoint vum CDI) an d’Elisabete Machado (national Elterevertriederin).

D’Regionaldirektioun Dikrech gouf vertruede vum Patrick Lepage, Directeur Adjoint EBS.

Ugeschwat goufen déi vill Facette vun der Inklusioun mat all hiren Erausfuerderungen.

Catégories
Actualités

Faarweg Ouschterfreed an der Veiner Gemeng

Am Kader vun enger flotter Ouschteraktioun hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 1 bis Cycle 4 aus der Veiner Grondschoul (Regionaldirektioun Dikrech) hirer Fantasie fräie Laf gelooss. Mat vill Kreativitéit, Faarf an Engagement si grouss, fantasievoll an ofwiesslungsräich Ouschtereeër entstanen, déi elo op verschiddene Plazen an der Gemeng Veianen ze bewonneren sinn.

Dëse Projet, deen a enker Zesummenaarbecht mat der Veiner Gemeng ëmgesat gouf, huet de Kanner eng schéi Geleeënheet gebueden, hir Kreativitéit auszedrécken an sech op eng spilleresch Aart a Weis un der Gestaltung vum ëffentleche Raum ze bedeelegen. All Ee ass eenzegaarteg a spigelt d’Iddien, d’Freed an d’Faarwewelt vun de Kanner erëm.

Déi faarweg Konschtwierker droen dozou bäi, d’Stadbild vum charmanten Touristestiedchen un der Our nach méi attraktiv a lieweg ze gestalten. Awunnerinnen, Awunner a Visiteuren si häerzlech invitéiert, dës besonnesch Ouschterdekoratioun bei engem Tour duerch Veianen ze entdecken.


Eng flott Initiativ, déi Fréijoersstëmmung verbreet an d’Kreativitéit vun de Kanner aus der Veiner Schull an de Mëttelpunkt stellt.

Text: Philippe Hermann / Fotoen: Ville de Vianden

Artikel MyWort

Catégories
Actualités

Eng nei Ära fir d’Grondschoul zu Ettelbréck

Dëser Deeg huet zu Warken d’Grondsteenleeung vun enger neier Grondschoul stattfonnt, a Präsenz ë. a. vum Inneminister Léon Gloden. De Bau vun dëser Infrastruktur markéiert den Ufank vun enger neier Ära an der Schoulentwécklung zu Ettelbréck.

No ville Joren, an deenen d’Patton-Stad ëmmer méi mat engem akute Plazmangel konfrontéiert war, kënnt elo endlech Beweegung an den Dossier vum Schoulneibau.

An de kommende Jore wäert nieft dësem neie Projet zu Warken och déi bestoend Maison Relais „Kannerbuerg“ an eng Quartiersschoul ëmgewandelt ginn, an d’Schoulgebai op der Place Marie-Thérèse gëtt komplett nei gestalt.

Domat wäert Ettelbréck an e puer Joer iwwer dräi vollstänneg Schoulsite verfügen, déi all déi véier Cyclen ofdecken. Op all Site gëtt och eng Maison Relais integréiert, fir de Kanner eng duerchgeheend Betreiung op engem eenzege Standuert ze garantéieren.

© Fotoen: Rom Henkes, RTL

Catégories
Actualités

ALPHA – Zesumme wuessen: Kick-Off fir den Cycle 2

No den Enseignanten aus dem Cycle 1, déi als éischt wäerten a Kontakt mat der neier Reform kommen, waren et dës Kéier awer d’Kolleegen an d’Kolleeginnen aus dem C2 déi e Kick-Off krute fir d’Reform erkläert ze kréien.

Ab dem Schouljoer 2027/2028 wäerten si eng zentral Roll spillen. Sie sinn déi éischt Enseignanten déi aktiv déi nei Alphabetiséierung bei de Kanner iwwert e ganzt Schouljoer wäerten uwenden.

Fir dëse wichtege Schrëtt virzebereeden, huet d’Dikrecher Regionaldirektioun – an enker Zesummenaarbecht mat den I-DSen – e Kick-Off organiséiert. D’Veranstaltung huet am Festsall vum Lycée classique de Diekirch (LCD) stattfonnt.

E ganz grousse Merci geet un den LCD, deen eis de Sall zur Verfügung gestallt huet an esou zum gudde Verlaf vum Nomëtteg bäigedroen huet.