Catégories
Actualités MyWort Artikel

Scheckiwwerreechung an der Schoul zu Tandel

© Joanne Käppeli

16.790 Euro fir „Le Soleil dans la Main’’

Dëser Deeg hunn d’Schoulkanner vun Tandel, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vum Regionaldirekter Gérard Roettgers a vun der Directrice adjointe Nathalie Heftrich, Membere vum Schäfferot vun der Gemeng Tandel a Vertrieder vun der Elterevereenegung Tandel, ee Scheck iwwer 16.790 Euro un d’Madamm Véronique Schmitz an un de Monsieur Patrick Hinterscheid vun der Associatioun „Le Soleil dans la Main“ iwwerreecht.

D’Vertrieder vun der ONG hunn de Schüler virun der Scheckiwwerreechung hir Aarbecht virgestallt. Vu dass d’Aarbecht vu „Le Soleil dans la Main“ vum MAEE cofinanzéiert gëtt, stellt dësen Don d’Halschent vum néidege Kapital fir de Bau vun enger Schoul am Burkina Faso duer.

Dës Zomm ass den Erléis vun engem Spendelaf, dee virun der Päischtvakanz als Ofschloss vun der Tandeler Sportswoch organiséiert gouf.

E grousse Merci un d‘Elterevereenegung fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun de Kanner. E weidere Merci geet un de fréiere Buergermeeschter Aly Kaes a seng Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot, déi d’Schoulpersonal mat hirem Don motivéiert hunn, un hirer Bikinifigur ze schaffen.

Den allergréisste Merci geet awer un all d’Kanner an hir Donateuren, déi mat hirer super Leeschtung an hire generéise Spenden dëse formidabele Scheck iwwerhaapt méiglech gemaach hunn.

Christ Warszta – Schoulpresident Tandel

Article MyWort

Catégories
Actualités MyWort Artikel

Scheckiwwereechung an der Feelener Schoul

E Freideg, den 30. Juni 2023 hunn d’Schoulkanner aus dem “Kuebebongert” vu Feelen, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vun dem Här Lepage aus der Regionaldirektioun, dem Buergermeeschter Här Mergen souwéi enger Rei Memberen vun den Elterevertrieder, ee Scheck am Wäert vun 10.000€ un d’Associatioun “Care Luxembourg” iwwereescht.

De Frédéric Haupert, Direkter vun der Vereenegung “Care Luxembourg” huet dankend de Scheck entgéintgeholl a wärend de Festivitéiten de Kanner aus de Cyclen 1-4 erkläert, dass d’Suen vun hirem Don am Äerdbiewegebitt vun der Tierkei a vu Syrien wäerten agesat ginn.

Dës Zomm ass den Erléis vum “Sponored Run” vum 19. Mee 2023, organiséiert vum Léierpersonal. Ee grousse MERCI un d’Elterevertrieder an un d’Gemeng fir di wäertvoll Hëllef an Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vun dësem sportlechen Event.

E ganz grousse Merci och un all Elteren, Grousselteren, Famill a Frënn, déi dëse schéine Schéck méiglech gemaach hunn!

Eric Ries – Schoulpresident Feelen

Article MyWort

Catégories
Actualités MyWort Artikel

Schéckiwwerreechung am Schoulzentrum Ierpeldeng

© Photo: Lucien Weis

En Donneschdeg, 30.03.2023 hunn d’Schoulkanner vum Schoulzentrum Ierpeldeng, zesummen mat hirem Léierpersonal an a Präsenz vum Schouldiekter Gérard Roettgers an dem Schäfferot vun der Gemeng Ierpeldeng/Sauer, ee Scheck vun 6 000€ un d’Madammen Lentz a Pletschet vun der ALAEC (association lux. d’aide aux enfants cardiaques) iwwerrécht.D’Vertriederinne vun der ALAEC hunn de Schoulkanner während deem ganze Moien interessant Erklärungen iwwert hir Associatioun a virun allem iwwert häerzkrank Kanner ginn an och erklärt, wat mat dëse Suen geschitt.

Dës Zomm ass den Erléis vum Krëschtmaart vum 16.12.2022, organiséiert vum Léierpersonal an der Maison Relais. Ee grousse MERCI un d’EIS, der Elteren-Associatioun vun der Gemeng Ierpeldeng, fir di wäertvoll Hëllef beim Verkaf vu Gedrenks a fir déi Ënnerstëtzung, déi mir ëmmer vun hinne kréien.

E ganz grousse Merci och un all Elteren, Grousselteren, Famill a Frënn, déi dëse schéine Schéck méiglech gemaach hunn!

Lucien Weis

Article MyWort

Catégories
Actualités MyWort Artikel

D’Feelener Schoul spend 7300€

© Photo: Lex Reckinger

D’Schoulkanner aus dem Kuebebongert hu mëttwochs, den 29. Mäerz, zesummen mat hirem Léierpersonal an a Präsenz vum Här Luc Reis aus der Schouldirektioun Dikrech, de Vertrieder vun der Gemeng, den Elterevertrieder an engem Vertrieder vun der Feelener Musek, ee Scheck vun 7300 € un d’Madame Laura Franck vun der Fondatioun Sarah Grond iwwerreecht. 

Virun der Scheckiwwerreechung huet d’Vertriederin vun der Fondatioun de Kanner aus all de Cyclen erklärt, wat mat de Suen geschitt, déi si gesammelt hunn. D’Missioun vun der Stëftung ass et Kanner an Noutsituatiounen finanziell  a mat Sachspenden ënnert d’Äerm ze gräifen. Virun allem Kanner, déi een Elterendeel verluer hunn, wëllen si hëllefen. 

Déi generéis Zomm ass de 16. Dezember um Chrëschtmaart am Kuebebongert duerch de Verkaf vu Bastelaarbechten, Iessen a Gedrénks, gesammelt ginn. Organiséiert haten dëse flotte Maart d’Gemeng, d’Schoul, d’Maison Relais, d’Elterevertrieder an d’Feelener Musek. Ee grousse Merci geet un d’Schoulkanner, déi wärend ville Stonnen gebastelt hunn an um Chrëschtmaart hir Verkaafstalenter ënner Beweis gestallt hunn.

Lex Reckinger

Article MyWort

Catégories
Actualités MyWort Artikel

D’Veiner Schull sammelt fir de gudden Zweck

© Jengel Klasen

No laanger Waardezäit konnt dëst Joer endlech nees e Chrëschtmaart zu Veianen ofgehal ginn. Den 26. November 2022 war et souwäit an souguer de Kleeschen an de Pëlzebock haaten sech et net huele gelooss an hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir e puer flotter Stonnen mat de Veianer Leit ze verbréngen.

Besonnesch d’Kanner aus der Veiner Schull hunn dem Hellege Mann gesongen, virgedanzt an e kuerzt Theaterstéck virgefouert. D’Schüler aus alle Cyclen (C1-C4) hu gebak a gebastelt an uschléissend hir Schneekereien a Chrëschtdeko an enger Tombola verspillt. Dësen Erléis, 865 Euro, huet d’Veiner Schull integral un d’Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen UNICEF gespent.

An deem Kontext war en Donneschdeg, den 22. Dezember 2022, eng Scheckiwwerreechung um Site vun der Veianer Schoul, dës a Presenz vu der Regionaldirektioun Dikrech. All d’Schoulkanner, vu kleng bis grouss, hate sech mat hirem Léierpersonal zesummefonnt fir der Madame Nathalie Wohlfart vun UNICEF Lëtzebuerg dësen Don z‘iwwerreechen. Mat dëse gesammelte Sue kann och deene Kanner, deenen et net sou gutt geet, eng kleng Freed fir d’Feierdeeg gemaach ginn.

Philippe Herman – Schoulpresident Veianen

Article MyWort

Catégories
Actualités MyWort Artikel

Schierener Chrëschtmaart 2022

E Freideg, 2. Dezember war et endlech nees esou wäit. D’Schierener Schoul huet op hiren traditionelle Chrëschtmaart um Schoulsite invitéiert. Am Nomëtteg ass fläisseg opgeriicht a gerëscht ginn. Ab 17h30 konnten d’Léit de Schoulkanner hir selwer gebastelt Chrëschtsaachen op deene ville Stänn bewonneren a kafen a sech bei de kalen Temperature mat engem Glühwäin oder Choky opwiermen.

De Kleeschen hat och dëst Joer erëm, mat der Ënnerstëtzung vun der Schierener Musek, de Wee op Schieren fonnt, fir de Schierener Kanner eng Titchen ze schenken. D’Schoulkanner aus dem Cycle 2 hunn mat vill Freed bekannte Kleesercherslidder virgedroen, déi si iwwert déi lescht Woche fläisseg geüübt haten.

D’Léierpersonal an den Elterecomité, mat der Hëllef vu ville fräiwëllegen Elteren, hu fir de Verkaf an d’Organisatioun gesuergt, esou datt de Chrëschtmaart och dëst Joer e groussen Erfolleg war.

Een Deel vum Erléis gëtt dëst Joer un d’Aktioun “Kannerwonschbam“  vum Office social NORDSTAD gespent.

E grousse Merci all deenen déi un der Organisatioun a Realisatioun vum Chrëschtmaart bedeelegt waren.

Leone Giusy

Schierener Schoulpresidentin

Article MyWort

Catégories
Actualités MyWort Artikel

D’Ettelbrécker Grondschoulkanner spenden un d’UNICEF

© Andrea Vincente

Article MyWort

Catégories
MyWort Artikel

Ofschloss vum Stage als Enseignant – Feierstonn zu Dikrech

MyWort Artikel