Catégories
Actualités MyWort Artikel

D’Veiner Schull sammelt fir de gudden Zweck

© Jengel Klasen

No laanger Waardezäit konnt dëst Joer endlech nees e Chrëschtmaart zu Veianen ofgehal ginn. Den 26. November 2022 war et souwäit an souguer de Kleeschen an de Pëlzebock haaten sech et net huele gelooss an hu vun dëser Geleeënheet profitéiert fir e puer flotter Stonnen mat de Veianer Leit ze verbréngen.

Besonnesch d’Kanner aus der Veiner Schull hunn dem Hellege Mann gesongen, virgedanzt an e kuerzt Theaterstéck virgefouert. D’Schüler aus alle Cyclen (C1-C4) hu gebak a gebastelt an uschléissend hir Schneekereien a Chrëschtdeko an enger Tombola verspillt. Dësen Erléis, 865 Euro, huet d’Veiner Schull integral un d’Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen UNICEF gespent.

An deem Kontext war en Donneschdeg, den 22. Dezember 2022, eng Scheckiwwerreechung um Site vun der Veianer Schoul, dës a Presenz vu der Regionaldirektioun Dikrech. All d’Schoulkanner, vu kleng bis grouss, hate sech mat hirem Léierpersonal zesummefonnt fir der Madame Nathalie Wohlfart vun UNICEF Lëtzebuerg dësen Don z‘iwwerreechen. Mat dëse gesammelte Sue kann och deene Kanner, deenen et net sou gutt geet, eng kleng Freed fir d’Feierdeeg gemaach ginn.

Philippe Herman – Schoulpresident Veianen

Article MyWort