Catégories
Actualités

De Cycle 4.1 vun Tandel sammelt fir e gudden Zweck

D’Klass 4.1a vum Célia Giudice a Viviane Coremanns aus der Primärschoul “Um Brill” zu Tandel huet dëst Joer fir Chrëschtdag decidéiert de Kanner, déi de Moment hospitaliséiert sinn an deenen et am Moment leider net sou gutt geet, eng Freed ze maachen. Fir dëse Kanner hëllefen ze kënnen an erëm ee Laachen an d’Gesiicht ze zauberen, huet d’Klass am Dezember 2022 eng Woch laang am Schoulgebai Kuch verkaf an den Erléis un d’Organisatioun “Île aux clowns” gespent.