Catégories
Actualités MyWort Artikel

Schierener Chrëschtmaart 2022

E Freideg, 2. Dezember war et endlech nees esou wäit. D’Schierener Schoul huet op hiren traditionelle Chrëschtmaart um Schoulsite invitéiert. Am Nomëtteg ass fläisseg opgeriicht a gerëscht ginn. Ab 17h30 konnten d’Léit de Schoulkanner hir selwer gebastelt Chrëschtsaachen op deene ville Stänn bewonneren a kafen a sech bei de kalen Temperature mat engem Glühwäin oder Choky opwiermen.

De Kleeschen hat och dëst Joer erëm, mat der Ënnerstëtzung vun der Schierener Musek, de Wee op Schieren fonnt, fir de Schierener Kanner eng Titchen ze schenken. D’Schoulkanner aus dem Cycle 2 hunn mat vill Freed bekannte Kleesercherslidder virgedroen, déi si iwwert déi lescht Woche fläisseg geüübt haten.

D’Léierpersonal an den Elterecomité, mat der Hëllef vu ville fräiwëllegen Elteren, hu fir de Verkaf an d’Organisatioun gesuergt, esou datt de Chrëschtmaart och dëst Joer e groussen Erfolleg war.

Een Deel vum Erléis gëtt dëst Joer un d’Aktioun “Kannerwonschbam“  vum Office social NORDSTAD gespent.

E grousse Merci all deenen déi un der Organisatioun a Realisatioun vum Chrëschtmaart bedeelegt waren.

Leone Giusy

Schierener Schoulpresidentin

Article MyWort