Catégories
Actualités

Schekiwwereeschung an der Schierener Schoul

E Mëttwoch, den 27. März 2024, konnten déi Schierener Schoulkanner, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vun der Madamm Vicky Witry aus der Schouldirektioun Dikrech e Scheck vun 1000 Euro un d’Associatioun “Île aux clowns “ iwwerreechen.  – www.ileauxclowns.lu

Dës Zomm ass en Deel vum Erléis vum Chrëschtmaart am Dezember 2023.

D’Vertrieder vun der Associatioun « Île aux clowns » hunn de Schoulkanner virun der Scheckiwwereechung hir Aarbecht vrigestallt.

E grouse Merci un d’Madmm Philipp an den Här Anselin vun der Associatioun « Île aux clowns «  fir de flotten Virtrag.

Ee grousse Merci geet u jiddereen deen eis bei eise Fester ënnerstëtzt an domadder dëse Scheck méiglech gemaach huet.

Giuseppina Leone – Presidentin Schoulkommitee