Catégories
Actualités

First Lego League – BeLux Finall Antwerpen

Enormen Erfolleg vun de Schierener a Bettenduerfer Schoulen zu Antwerpen an der Finall vun der BeLux FIRST LEGO League!!

Den 23 Mäerz gouf am Sportpaleis zu Antwerpen déi grouss Finall vun der BeLux FIRST LEGO League ofgehalen, mat der bemierkenswäerter Deelnam vu fënnef Lëtzebuerger Ekippen. Iwwer déi lescht Wochen a Méint hu ronn 400 Equippen aus béiden Natiounen an der Liga konkurréiert, mat de 23 stäerksten Ekippen, déi sech duerch verschidde regional a national Evenementer fir d’BeLux Finall qualifizéiere konnten.

Mat vun der Partie dëst Joer waren d’Schoule vu Schieren a Bettenduerf! Dobäi konnt sech d’Team Lego Knuffs vu Schieren sensationnell de Champions Award fir déi bescht Gesamtleeschtung sécheren! Hir kreativ Problemléisungskompetenz huet zum Haaptgewënn vun der prestigsräichsterTrophäe vum Concours gefouert. D’Team Lego Knuffs huet en innovativen App-Prototyp entwéckelt, déi blanne Persounen duerch akustesch Beschreiwungen Danzbeweegunge méi no bréngen. Dës Applikatioun transforméiert eng opgehollen Danzsequenz a verbalen Instruktioune, sou datt d’Choreographie auditiv iwwermëttelt an nogetanzt ka ginn. Duerch eng Opnam vun der Tanzausféierung duerch eng blann Persoun bitt d’App personaliséierte Feedback zur Danzperformance.

Och d’Team Lux City vu Bettendorf huet mat sengem Engagement a Teamgeescht iwwerzeegt, wat mam Motivate Award belount gouf. Hir Yogaübunge während der Erëffnungsfeier waren een absoluten Highlight an eng flott Ofwieselung fir de ganze Publik am Sportpalais.

D’Dikrecher Regionaldirektioun gratuléiert deenen zwou Ekippe fir dëse super Exploit a wënsche fir Spaass an Erfolleg bei hire nächste Projeten!