Catégories
Actualités

Ofschloss vum Schouljoer 2022/23

De 19. Juli, wärend der éischter Woch vun der Schoulvakanz, war et un der Zäit dass d’Regionaldirektioun, zesumme mat der Diagnostik Ekipp, der Schoulentwécklungsekipp aus der Dikrecher Regioun, dem Büro vun de Classes étatiques an de Schoulpresidenten, sech emol een entspaanten Dag als Ofschloss vum Schouljoer 2022/23 gënnen. Wéi mécht een dat am Beschten? Natierlech bei dësem herrleche Wieder dobaussen an der Natur. 

D’Thema dëst Joer war eng Marche gourmande duerch d’Gemenge Bettenduerf an Dikrech. Op engem Parcours vu ronn 10 km, konnt jiddereen déi wonnerschéi Landschaft lanescht d’Sauer, mee och d’Bëscher aus béide Gemenge genéissen an dobäi op verschidde Statiounen e gudde Maufel iessen. 

Mir wënschen iech all eng schéi Vakanz! 

Catégories
Actualités

Pensiounsfeier zu Dikrech

D’Schouljoer 2022-23 geet zu Enn a wéi all Joer bedeit dat fir verschidden Enseignanten d’Enn vun der Schoulkarriär an de Start an eng wuelverdéngte Pensioun. 6 Enseignanten aus der Dikrecher Regionaldirektioun goufen dowéinst invitéiert a kruten e Patt zum Beschten. Zesumme mat hire Schoulpresidenten an der Direktioun gouf dës Woch op e neit Kapitel an hirem Liewen ugestouss.

Direktioun seet hinne villmools Merci fir hir genial Aarbecht iwwert all déi Joeren a wënscht all dat Bescht fir eng laang a gesond Pensioun.

Catégories
Actualités

D’Kanner aus der Reisduerfer Grondschoul spenden un Médecins sans frontières

An der Woch virun der Fuesvakanz hunn mir wéi all Joer zesumme mat de Kanner eng Frühstückswochen organiséiert. Wärend dëser Woch dierfen d’Kanner sech all Dag un engem grousse Frühstücksbuffet servéieren. Fir d’Zutaten ze finanzéiere bréngt all Kand 10 Euro mat. Wat zum Schluss iwwreg bleift gëtt fir de gudden Zweck gespent.

Am Kader vun eiser traditioneller Sportswoch hudd och dëst Joer nees ee „Sponsored Run“ stattfonnt. D‘Kanner hunn sech an hirer Famill Sponsore gesicht, di sech bereet erkläert hunn, eng gewëss Zomm pro gelafenem Tour um Fussballterrain respektiv an der Sportshal ze sponseren.

Duerch dëss zwou Aktioune konnten mir am ganzen eng Zomm vu 5000€ sammelen, di mir der Organisatioun „Médecins sans frontières Luxembourg“ gespent hunn.

Um Schoulfest hu mir dëse schéine Chèque iwwerreecht.

Een décke Merci an Gléckwënsch un all Leefer a Sponsoren!

Elisabeth Puraye – Schoulpresidentin Reisduerf

MyWort Artikel

Catégories
Actualités

Ofschloss vum Stage – Patt zum Beschten an der Dikrecher Direktioun

D’Dikrecher Regionaldirektioun huet och dëst Joer d’Stagiaire-Fonctionnairen an hir jeeweileg Conseillers pédagogiques op eng Receptioun an d’Gebailechkeete vun der Direktioun zu Dikrech invitéiert fir hinne fir hir super Aarbecht an een erfollegräichen Ofschloss vum Stage ze gratuléieren. 19 Stagiairen hunn am Schouljoer 2022-23 uechter déi 13 Schoulen an der Regionaldirektioun Dikrech hire Stage absolvéiert a ginn dës Woch vum Minister Claude Meisch vereedegt. 

D’Direktioun seet de Stagiären, mee natierlech och hire Conseilleren villmools Merci fir hir Aarbecht a wënscht hinne vill Erfolleg an hirer ustoender Schoulkarriär. 

Catégories
Actualités

ETEP Formatioun – Veianer Grondschoul

De CDSE (Centre pour le développement socio-émotionnel) hat de 4. Juli 2023 d’Veianer Léierpersonal op Mënsbech invitéiert fir hinnen am Kader vun enger klenger Feierstonn den Diplom vun hirer ETEP-Formatioun z’iwwerreechen. D’Regionaldirektioun ass immens frou an houfreg, datt dat Veianer Léierpersonal sech kollektiv engagéiert huet fir eng Formatioun ze maachen, déi als Sujet déi sozio-emotional Entwécklung vun de Kanner huet. Ee grousse Merci un d’ganz Equipe vum CDSE, déi et erméiglecht huet, datt dat Veianer Schoulpersonal des Formatioun konnt maachen.

Catégories
Actualités MyWort Artikel

Scheckiwwerreechung an der Schoul zu Tandel

© Joanne Käppeli

16.790 Euro fir „Le Soleil dans la Main’’

Dëser Deeg hunn d’Schoulkanner vun Tandel, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vum Regionaldirekter Gérard Roettgers a vun der Directrice adjointe Nathalie Heftrich, Membere vum Schäfferot vun der Gemeng Tandel a Vertrieder vun der Elterevereenegung Tandel, ee Scheck iwwer 16.790 Euro un d’Madamm Véronique Schmitz an un de Monsieur Patrick Hinterscheid vun der Associatioun „Le Soleil dans la Main“ iwwerreecht.

D’Vertrieder vun der ONG hunn de Schüler virun der Scheckiwwerreechung hir Aarbecht virgestallt. Vu dass d’Aarbecht vu „Le Soleil dans la Main“ vum MAEE cofinanzéiert gëtt, stellt dësen Don d’Halschent vum néidege Kapital fir de Bau vun enger Schoul am Burkina Faso duer.

Dës Zomm ass den Erléis vun engem Spendelaf, dee virun der Päischtvakanz als Ofschloss vun der Tandeler Sportswoch organiséiert gouf.

E grousse Merci un d‘Elterevereenegung fir déi finanziell Ënnerstëtzung vun de Kanner. E weidere Merci geet un de fréiere Buergermeeschter Aly Kaes a seng Kolleegen aus dem Schäffen- a Gemengerot, déi d’Schoulpersonal mat hirem Don motivéiert hunn, un hirer Bikinifigur ze schaffen.

Den allergréisste Merci geet awer un all d’Kanner an hir Donateuren, déi mat hirer super Leeschtung an hire generéise Spenden dëse formidabele Scheck iwwerhaapt méiglech gemaach hunn.

Christ Warszta – Schoulpresident Tandel

Article MyWort

Catégories
Actualités MyWort Artikel

Scheckiwwereechung an der Feelener Schoul

E Freideg, den 30. Juni 2023 hunn d’Schoulkanner aus dem “Kuebebongert” vu Feelen, zesumme mat hirem Léierpersonal an a Presenz vun dem Här Lepage aus der Regionaldirektioun, dem Buergermeeschter Här Mergen souwéi enger Rei Memberen vun den Elterevertrieder, ee Scheck am Wäert vun 10.000€ un d’Associatioun “Care Luxembourg” iwwereescht.

De Frédéric Haupert, Direkter vun der Vereenegung “Care Luxembourg” huet dankend de Scheck entgéintgeholl a wärend de Festivitéiten de Kanner aus de Cyclen 1-4 erkläert, dass d’Suen vun hirem Don am Äerdbiewegebitt vun der Tierkei a vu Syrien wäerten agesat ginn.

Dës Zomm ass den Erléis vum “Sponored Run” vum 19. Mee 2023, organiséiert vum Léierpersonal. Ee grousse MERCI un d’Elterevertrieder an un d’Gemeng fir di wäertvoll Hëllef an Ënnerstëtzung bei der Organisatioun vun dësem sportlechen Event.

E ganz grousse Merci och un all Elteren, Grousselteren, Famill a Frënn, déi dëse schéine Schéck méiglech gemaach hunn!

Eric Ries – Schoulpresident Feelen

Article MyWort

Catégories
Actualités

Schoulsportdag zu Veianen

Nodeems d’Wieder eis d’letzt Woch e Stréch duerch d’Rechnung gemaach hat, konnt de Schoulsportdag 2023 dësen Donneschdeg, 29. Juni ënnert perfekte Konditioune stattfannen.

Um Camping „Deich“ goufen de Kanner aus de Cyclen 1-4 am ganzen 11 Atelieren zur Verfügung gestallt an deene Geschécklechkeet, Ausdauer, Teamgeescht a net ze vergiessen de Spaass a Fun am Vierdergrond stoungen.

Vun 8-12 Auer gouf gewibbelt, gesprongen, gelaf a geschweesst iert et mat zefriddene Gesiichter zréck an d’Schoul gaang ass, wou eng kleng Belounung op all Kand gewäert huet.

www.veinerschull.lu

Catégories
Actualités

Schoulfest zu Veianen

Samstes, den 8. Juli 2023 vun 11h00 bis 15h00 an Zesummenarbëcht mat lokalen Veräiner & Betrieber an der Ënnerstëtzung vun der Veiner Gemeng. Spektakulär Show mam Georges Christen (um 13h30), Musik, Spiller & Ateliers fir d’Kanner a villes méi.

Weider Informatioune fannt dir op : www.veinerschull.lu

Catégories
Actualités

Schoulkanner aus dem Parc Housen sammele fir Special Olympics Lëtzebuerg

© Photo: Emile Junker

Am Kader vun hire Schoulsportdeeg an der Schoul aus dem Parc Housen, konnt ee Scheck un Special Olympics iwwerreecht gin. Duerch de Verkaf vu Bastelaarbechten, Iessen a Gedrénks an der traditioneller Stoppekëscht, konnt bei der Chrëschtfeier déi stolz Somme vu 5000€ gesammelt ginn. D’Special Olympics, vertrueden duerch den Torsten Ottens an zwou Sportlerinnen, huelen dës Spend fir hire Sportler d’Participatioun un de Special Olympics World Games zu Berlin ze erméiglechen.