Catégories
Actualités

Service Enfance – Ettelbruck – Visite du Ministre

Donneschdes, de 14 Mäerz 2024 war den Educatiounsminister Claude Meisch op Visitt zu Ettelbréck fir sech de Service Enfance unzekucken. Alleguer d’Akteuren déi a Kollaboratioun mam Service sti, sief dat d’Schoul, d’Maison relais, d’Gemeng, d’Regionaldirektioun, d’Ettelbrécker Rout Kräiz mee och de Foyer DPI haten am dësen Kader d’Méiglechkeet an den Échange mam Här Minister ze trieden. Och d’UP Foundation déi de ganze Prozess begleed huet war sur place an huet de Moien moderéiert.

Méi Informatioune zum Service Enfance zu Ettelbréck fannt dir hei:

Zum Ofschloss vun der Visitt goufen och nach d’Resultater vum Projet Kannerrechter (er)liewen presentéiert.