Catégories
Actualités

Journée pédagogique – “Improvisation”

Am Alldag vun engem Enseignant leeft net ëmmer alles no Plang a ganz oft kënnt e net derlaanescht och mol mussen ze improviséieren. Fir dëst ze trainéieren a fir eventuell ganz nei Methode kennen ze léieren, kruten den 12 Mäerz eis Schoulpresidenten, zesumme mat der Direktioun d’Méiglechkeet hier Impovisatiounskënschte ënner Beweis ze stellen.

Ënnert de Leedung vum Jörg Zander a Samt & Sonders goung et de ganzen Dag am Schlass zu Klierf dorëms ze improviséieren an ze weise wéi e mat iwwerraschenden, neien a komesche Situatiounen am Alldag kann ëmgoen an dëst duerno spieleresch kënnen op de Schoulalldag iwwerdroen.