Catégories
Actualités

First Lego League

Aus der Regioun 14 waren dëst Joer Ekippen aus de Grondschoule vu Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck a Schieren an der First Lego League Challenge vertrueden. D’Direktioun felicitéiert de 4 Schoulen fir hir flott Aarbecht an hier super Leeschtung!
No villen Aarbechtsstonnen an 3 Qualifikatiounsdeeg war de 24 Februar 2024 de grousse Moment an eis Schoule kruten d’Méiglechkeet, ëm den nationalen Titel an déi begéierte Plaze fir d’BELUX-Finall ze kämpfen, déi dëst Joer den 23. Mäerz am Sportpaleis zu Antwerpen stattfënnt.

Gratulatioun un “LuxCity” vu Bettenduerf an “Team Lego Knuffs” vu Schieren fir déi éischt resp. drëtt Plaz an domat och d’Qualifikatioun fir d’BELUX Finall den 23 Mäerz zu Antwerpen!

Wat genau ass d’FIRST Lego League?

D’FIRST Lego League Challenge fokusséiert op teambaséiert Kompetitioun, wou Gruppen aus bis zu 10 SchülerInnen vun 9 bis 16 Joer am Beräich vun Fuerschung, Problemléisung, Programméierung an Technologie duerch d’Entwécklung an d’Programméierung vun engem Lego-Roboter erausgefuerdert ginn. Dëse Roboter gëtt entworf, fir an engem Robot Game verschidde Missioune ze bewältegen. Jäerlech gëtt eng nei Challenge verëffentlecht, déi sech op e spezifescht wëssenschaftlecht Thema konzentréiert, dobäi ginn d’STEAM-Fäegkeeten (Wëssenschaft, Technologie, Ingenieurwiesen, Konscht, Mathematik) vun de Participante geziilt gefërdert.

Am Ufank vum Schouljoer fänken d’Ekippen un, un hire Projeten ze schaffen, mam Zil, sech duerch national Qualifikatiounen fir eng grouss Final ze qualifizéieren, wou déi bescht lëtzebuergesch Ekippen géint déi 20 stäerkst belsch Teams untrieden. D’Kompetitioun selwer ëmfaasst zwee Haaptkategorien: d’Robot Game, wou d’Ekippe mat hire programméierte Roboter verschidde Missioune op engem Spillfeld bewältege mussen, an d’Innovation Project, eng Presentatioun, wou si hir Fuerschungsresultater virun enger Jury presentéieren.

Méi Informatiounen zu der First Lego League fannt dir hei: Link1 Link2