Catégories
Actualités

Schierener Chrëschtmaart 2023

Wéi et schonn Traditioun ass, huet d‘Schierener Schoul och dëst Joer den 1 Dezember de Chrëschtmaart mat der Hëllef vun der Schierener Musek, der Gemeng, den Elteren an der Maison Relais organiséiert. Trotz der Keelt hate mer eng schéi geselleg Atmosphär mat engem gudde waarme Glühwäin.

D‘Gemengenaarbechter hunn de Chrëschtmaart mat enger flotter Chrëschtbeliichtung gerëscht. D‘Schoulkanner haten sech ganz vill Méi ginn fir schéi Chrëschtdekoratioun ze bastelen a Kichelcher ze baken. De Cycle 4 huet wéi all Joer hir Adventskränz gebastelt. Fir Grouss a Kleng war fir Animatioun gesuergt.

Géint 18h30 war de grousse Moment do. De Kleesche koum a Begleedung vun der Musek op de Chrëschtmaart. De Cycle 2 huet fir déi musikalesch Ambiance gesuergt an huet dem Kleeschen puer Lidder gesong. D‘Danzep huet gedanzt. All Kanner aus dem Duerf haten d’Geleeënheet eng Titche bei de Kleesche sichen ze goen.

Fir Iessen a Gedrénks war beschtens gesuergt. D‘Kanner konnte mat hiren Elteren an hire Grousselteren um Site vun der Schoul puer gemittlech Stonne verbréngen.

Een Deel vum Erléis gëtt fir e gudden Zweck gespent.

D’Schoulpersonal seet all engagéierte Biergerinnen a Bierger Merci fir d’Ënnerstëtzung.

Giuseppina Leone – Schoulpresidentin Schieren